Saint-Louis-lès-BitcheSaint-Louis-lès-Bitche (op Däitsch: Münzthal) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Grand Est, am Departement Moselle. 1999 hunn do 634 Awunner (Ludovicien(ne)s op Franséisch) gelieft. ![]() D'Duerf läit am Parc naturel régional des Vosges du Nord, an ass virun allem bekannt fir seng Kristallsglasmanufaktur. GéographieD'Duerf läit op der Baach, déi och Saint-Louis-lès-Bitche heescht, an ass mat der Kristallsglas-Manufaktur an enger nei geschaafter Lichtung opgebaut ginn. 1767, hunn zwéin Affekoten, de René-François Jolly an de Pierre-Étienne Ollivier, d'Autorisatioun vum Louis XV. kritt, eng al Galsbléiserei, déi et virdrun do gouf, nees opzeriichten. Se krut den Titel verrerie royale a gouf nom Louis IX. genannt. No an no sinn eng Kapell, Wunnenge fir d'Meeschtern an d'Aarbechter, Bauerenhäff, eng Millen, eng Schräinerei an eng Blechschléierei bäikomm. Kuckeswäertes
Kuckt och |