New-Frontiers-Programm![]() Den New-Frontiers-Programm ass ee vun de Programmer vun der NASA fir d'Erfuerschung vum Sonnesystem mat Raumsonden. D'Projete vun dësem Programm ginn an der laangfristeger Erkundungsstrategie vun der NASA (bis zirka 2020) als medium-class missions agedeelt a leien tëscht de klengen, einfache méi präiswäerten (300–500 Millioune US$) Missioune vum Discovery-Programm an de groussen, deieren (800–2800 Millioune US$), komplexe Flagship-Missiounen[1]. D'Fuerschungsstrategie fir den New-Frontiers-Programm gouf fir d'éischt – fir d'Raumsond New Horizons ënnerzebréngen – 2002 formuléiert an 2003 gouf den éischte Budget fir dëse NASA-Programm opgestallt. D'Bezeechnung geet zeréck op den John F. Kennedy, deen d'Sich no „neie Grenzen“ 1961 a säi Regierungsprogramm als innepolitescht Motto propagéiert hat. Den New-Frontiers-Programm representéiert de Wandel vum neie Wee vun der NASA. D'NASA wëll elo méi e grousse Schwéierpunkt op d'Erfuerschung vum Sonnesystem leeën. Et sollen elo méi genee Ënnersich um Gebitt vun der Planetologie gemaach ginn. D'NASA huet déi wëssenschaftlech Associatiounen an den USA an op der ganzer Welt agelueden, sech um Programm ze bedeelegen. MissiounenDéi éischt Sond, déi am Kader vun deem Programm 2006 gestart gouf, ass d'Pluto-Sond New Horizons. Als zweet Sond gouf d'Juno am August 2011 op de Jupiter gestart. 2008 gouf ugefaange déi drëtt Missioun erauszesichen. Am Dezember 2009 huet d'NASA dräi Finalkandidate bekannt ginn[2]:
Déi dräi Finaliste kruten ufanks zousätzlech Mëttele fir e Plang am Detail auszeschaffen. Déi drëtt New-Frontiers-Missioun soll da spéitstens 2018 starten. De 25. Mee 2011 huet d'NASA bekannt ginn, datt se sech fir d'Missioun OSIRIS-REx entscheet hätt[5]. Kuckt ochReferenzen
Um Spaweck
|